Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Italien baut zwee Accueil-Zentere fir Migranten an Albanien

Asylpolitik

Italien baut zwee Accueil-Zentere fir Migranten an Albanien

Italien wëll an Albanien zwee Accueil-Zentere fir Migranten opriichten a wëll domadder e Virbild schafe fir aner europäesch Länner, sou déi italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni.

auto_stories

1 min

D‘Zil wier, déi illegal Migratioun iwwer d‘Mëttelmier vun Nordafrika an Europa ze limitéieren. Zu Roum gouf gëschter dozou eng Absichtserklärung ënnerschriwwen.

Deen Accord gesäit vir, datt Migranten, déi am Mëttelmier opgegraff ginn, direkt an Albanien bruecht ginn. Bis zu 3.000 Migrante sollen do kënnen opgeholl ginn. Do sollen Asyldemanden dann direkt gepréift ginn, an d‘Leit solle méi séier zeréckgeschéckt kënne ginn. Deen Accord gëllt awer net fir Mannerjäreger a schwanger Fraen. Déi Zentere solle schonn d‘nächst Joer opgoen, si gi vun Italien geréiert.