Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
search

/ Israel zitt Truppen aus dem Süde vun der Gazasträif zeréck

Noen Osten

Israel zitt Truppen aus dem Süde vun der Gazasträif zeréck

Israel huet een Deel vu sengen Truppen aus dem Süde vun der Gazasträif zeréckgezunn. De Krich wier awer nach laang net eriwwer, huet de Chef vun der israeelescher Arméi betount. Och déi geplangten an ëmstridden Offensiv op d‘Stad Rafah wier nach net vum Dësch, esou deen israeelesche Verdeedegungsminister Yoav Gallant.

auto_stories

1 min

Déi israeelesch Arméi hat gëschter iwwerraschend matgedeelt, datt se Truppen aus der Stad Chan Junis am Süde vun der Gazasträif zeréckzitt. Et ass onkloer, ob dat méiglecherweis och an Zesummenhang kéint stoe mat neie Verhandlungen haut zu Kairo iwwer eng Wafferou an d'Fräiloossung vun de Geiselen.

Zu Jerusalem ware gëschter nees zéngdausende Leit op der Strooss gaange fir géint d‘Regierung vum Benjamin Netanjahu ze protestéieren. Si geheien der Regierung vir, engem Accord fir d‘Liberatioun vun de Geiselen am Wee ze stoen. Dës Protester daueren elo scho ronn eng Woch laang.