Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
search

/ Israel warnt virun Auswäitung vum Konflikt mat Hisbollah

Noen Osten

Israel warnt virun Auswäitung vum Konflikt mat Hisbollah

Déi israeelesch Arméi warnt virun enger geféierlecher Auswäitung vum Konflikt mat der Schiite-Miliz Hisbollah am Grenzgebitt zum Libanon.

auto_stories

1 min

Den israeeleschen Arméispriecher huet der Miliz virgehäit hir Attacken ze verstäerken an doduerch d'Zukunft vum Nopeschland a Gefor ze bréngen. D'Aggressioune vun der Hisbollah kéinten zu enger méi grousser Eskalatioun féieren, déi fir déi ganz Regioun gravéierend Suitte kéint hunn. Zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif kënnt et bal all Dag zu Ausenanersetzungen tëschent der israeelescher Arméi an der Hisbollah.