Radioen

On air

Notturno  |  ESG - You Make No Sense

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel warnt Iran an Alliéiert viru Géigenattacken

No Attacken op Responsabeler vun Hamas an Hisbollah

Israel warnt Iran an Alliéiert viru Géigenattacken

Israel wier op all Menace virbereet, a fir all Ugrëff op Israel géifen déi Responsabel en héije Präis bezuelen, esou den israeelesche Regierungschef an enger Usprooch op der Televisioun.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann
Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann

Den Iran mécht Israel responsabel fir den Doud vum politesche Leader vun der Hamas. Den Ismail Hanija war de Mëttwoch bei enger Attack an der iranescher Haaptstad Teheran ëm d'Liewe komm. Den Iran huet mat Géigemesurë gedreet.

Israel huet d'Responsabilitéit fir d'Attack op den Hamas-Leader bis elo weder revendiquéiert nach dementéiert. Déi aner déidlech Attack de Mëttwoch an der libaneesescher Haaptstad Beirut op ee ranghéije Kommandant vun der Hisbollah huet Israel revendiquéiert. 

Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet all d'Säiten opgeruff sech aktiv géint eng weider Eskalatioun vun der Gewalt am Noen Osten anzesetzen.