Radioen

On air

Vue sur mer  |  Nicool - Wou ass d'Fra?

play_arrow Live
search

/ Israel verléisst den UN-Mënscherechtsrot a wërft hinnen Antisemitismus vir

Annonce vum israeeleschen Ausseminister

Israel verléisst den UN-Mënscherechtsrot a wërft hinnen Antisemitismus vir

No den USA huet och Israel sech aus dem UN-Mënscherechtsrot zeréckgezunn. Dëse Gremium mat Sëtz zu Genf géif déi eenzeg Demokratie am Noen Osten, nämlech Israel, dämoniséieren. Dee Virworf huet den israeeleschen Ausseminister Gideon Sa'ar op X formuléiert.

auto_stories

1 min

De Mënscherechtsrot géif Antisemitismus verbreeden, amplaz sech fir Mënscherechter anzesetzen, esou de Sa'ar weider. Israel wier schonn a méi wéi 100 Resolutioune verurteelt ginn. Dat wieren der méi wéi déi, déi den Iran, Kuba, Nordkorea oder de Venezuela viséiert hunn.