D‘UNO warnt virun enger humanitärer Katastroph. Et feelt u Waasser, Iessen, Sprit, a Medikamenter. Israel huet eegenen Aussoen no d‘Waasserversuergung am Süde vun der Gazasträif nees assuréiert.
Der UNO no hätten d‘Spideeler awer geschwë kee Sprit méi a kéinten dann Dausende Patienten net méi behandelen. D‘UNO huet Israel gefrot, Korridoren opzemaachen, fir humanitär Hëllef eran ze loossen.
De virleschte Weekend haten Terroriste vun der palestinensescher Hamas 1.400 Leit an Israel ëmbruecht. D‘Hamas hält weider eng 130 Geisel fest. Bei den israeelesche Bombardementer op d‘Gazasträif wiere bis elo 2.450 Leit ëm d‘Liewe komm, an 1.000 Leit géife vermësst ginn, sou de leschte Bilan vun de palestinenseschen Autoritéiten.