Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel huet op en Neits Ziler am Libanon ugegraff

Noen Osten

Israel huet op en Neits Ziler am Libanon ugegraff

Israel huet op en Neits Ziler am Süde vum Libanon ugegraff. Ënnert den Ziler wier een Haaptquartéier vun der Hisbollah gewiescht, net wäit vun der Hafestad Sidon, esou ee libanesesche Sécherheetsbeamte géigeniwwer der Norichtenagence AP.

auto_stories

1 min

Grenz Israel Libanon | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

Hien huet vun e puer liicht blesséierten Ziviliste geschwat. D’Hisbollah huet sech bis ewell nach net zu méiglechen Affer geäussert. Déi israeelesch Arméi huet de Loftugrëff als Reaktioun dorop bezeechent, datt d’Hisbollah eng 35 Rakéiten op d’Gebitt vum Bierg Meron an Nordisrael geschoss hätt.

D’Hisbollah seet hirersäits, déi Rakéitenattack wier d‘Äntwert op israeelesch Attacke gëschter am Nordoste vum Libanon.