Radioen

On air

Thé Dansant  |  Travis - Standing On My Own

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel huet der Hamas eng Waffepaus proposéiert

Noen Osten

Israel huet der Hamas eng Waffepaus proposéiert

Israel huet der Hamas eng Waffepaus vun zwee Méint proposéiert wärend där d‘Hamas all d‘Geisele soll fräi loossen, dat mellt den amerikaneschen Noriichtesite Axios mat Verweis op israeelesch Regierungsbeamten.

auto_stories

1 min

Mediateuren aus Ägypten an dem Katar hätten d‘Propos vun Israel kritt. Am November zejoert gouf et eng Waffepaus vun enger Woch wärend där 105 Geisele fräi koumen. Eng 136 Geisele sinn Israel no nach an der Gewalt vun der Hamas.

Iwwerdeems hätten arabesch Länner e Plang fir eng Zweestaateléisung nom Enn vum Krich ausgeschafft, esou den amerikanesche Wall Street Journal. Et wier deen éischte gemeinsame Plang vun arabesche Länner fir d‘Schafe vun engem palestinensesche Staat. Am Géigenzuch dofir wier Saudi-Arabien bereet, Israel unzëerkennen. D‘USA hätten Israel de Plang iwwerreecht, sou de Wall Street Journal.