Radioen

On air

Notturno  |  Nazz Nazz - Den Aaschmetti

play_arrow Live
search

/ Israel geet net op d'Propos an, d'Kämpf an der Gazasträif op een Enn ze bréngen

Noen Osten

Israel geet net op d'Propos an, d'Kämpf an der Gazasträif op een Enn ze bréngen

Israel fiert weider mat senger Militäroffensiv an der Gazasträif. Et gi weider intensiv Bombardementer a Kämpf ronderëm d‘Stad Chan Younis am Süde vun der Gazasträif.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Benjamin Netanjahu (Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

Eng Propos vun der Hamas, fir d‘Kämpf op en Enn ze bréngen an d‘Geisele fräi ze loosse, gouf vum israeelesche Premier ofgeleent.

De Benjamin Netanjahu sot, d‘Hamas hätt e komplette Réckzuch vun den israeeleschen Truppen aus der Gazasträif gefuerdert, an dat géif Israel refuséieren.

Déi palästinensesch Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn, hunn en neie Bilan publizéiert: Zanter dem Ufank vum Krich wiere bis elo knapp iwwer 25.000 Leit an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.