search

/ Israel dierf um 70. ESC deelhuelen - véier Länner annoncéieren hire Boykott

Musek

|
headphones

2 min

Israel dierf um 70. ESC deelhuelen - véier Länner annoncéieren hire Boykott

Spuenien, Irland, Holland a Slowenien hunn direkt nom Vott an der EBU annoncéiert den ESC ze boykottéieren. Déi zwee Lëtzebuerger EBU-Memberen hunn d'Resultat vum Vott begréisst - den ESC wier ee kulturellt Event a kee sollt wéinst dem Handele vun enger Regierung ausgeschloss ginn.

headphones

2 min

Och dëst Joer koum et um ESC zu politeschen Diskussiounen, obwuel d'EBU op Neutralitéit pocht. | © Sophie Schroeder
Och dëst Joer koum et um ESC zu politeschen Diskussiounen, obwuel d'EBU op Neutralitéit pocht. (Foto: Sophie Schroeder)

An enger längerer Debatt hunn eng Rei Delegatiounen hir deels ganz ënnerschiddlech Usiichten iwwer d’Participatioun beim Eurovision Song Contest expriméiert. Dat op der Generalversammlung vum Organisateur, der European Broadcasting Union (EBU). 

Déi ëffentlech-rechtlech Medienhaiser hu fir nei Reegele gestëmmt, déi fir méi Transparenz a politesch Neutralitéit suerge sollen. 

An engem geheime Vott hunn déi meescht EBU-Memberen dofir gestëmmt, mat den neie Mesuren zefridden ze sinn. Dës gesinn ënner anerem ee Verbuet vun iwwerméissege Campagnen duerch Regierungen, an eng Erweiderung vun den technesche Sécherheetsmesurë vir.

Boykott schonn am Virfeld annoncéiert 

Déi israeelesch Regierung hat virgeheit kritt, bei der leschter Editioun de Publikumsvott beaflosst ze hunn. No deem Vott huet et geheescht, mat deenen neie Reegelen dierften all d’Länner um Concours deelhuelen, déi wéilten.

Spuenien, Holland, Irland a Slowenien hunn direkt annoncéiert hire Boykott-Droungen nozekommen. Schonn am Virfeld vum Debat op der Generalversammlung hate si annoncéiert, net méi beim Museksconcours matzemaachen, sollt den israeelesche Sender KAN net ausgeschloss ginn.

Lëtzebuerg mam Resultat zefridden 

D’Lëtzebuerger EBU-Memberen, also CLT-UFA an de Média de Service public 100,7 hunn déi nei Reegelen ënnerstëtzt a wiere sech eens, datt den Eurovision Song Contest ee kulturellen Event wier a keen EBU-Member wéinst dem Handele vun enger Regierung sollt ausgeschloss ginn. 

Den RTL-Programmchef a Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun, den David Gloesener, huet erkläert, et hätt ee sech am Virfeld mat dësem Radio, dem Radio 100,7 ausgetosch an et wier ee sech eens ginn op déi Lëtzebuerger Positioun. 

"Datt mir gesot hunn, mir vertrauen de Reegelen a mir sinn dofir, datt mir de Prozess elo esou kënne weidermaachen, ouni mussen iwwer een Ausschloss vun engem anerer Member ofzestëmmen."

All Broadcaster sollen elo nach hir Participatioun definitiv confirméieren.

Déi komplett Lëscht mat alle Participante fir déi 70. Editioun vum Eurovision Song Contest, déi d’nächst Joer am Mee zu Wien ass, soll nach viru Chrëschtdag publizéiert ginn.

Lauschtert hei d'Erklärunge vum Sophie Schroeder