Radioen

On air

Tockcity  |  Vienna Vienna - John, I'm Only Dancing

play_arrow Live
search

/ Israel confirméiert Attack op eng Schoul an der Gazasträif

Noen Osten

Israel confirméiert Attack op eng Schoul an der Gazasträif

Déi israeelesch Arméi huet confirméiert, datt si an der Gazasträif eng Schoul vum UNO Hëllefswierk fir d‘Palästinenser bombardéiert huet. Op d'mannst 30 Leit wieren ëm d‘Liewe komm, soen Aenzeien.

auto_stories

1 min

Gaza UNO Fändel | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Gaza UNO Fändel (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Déi meescht vun den Affer wiere Kanner a Fraen, heescht et aus medezinesche Kreeser. Dës Ausoe loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen. 

D‘Hamas huet ufanks vu 27 Doudegen geschwat a seet, et wier e Massaker gewiescht.

Déi israeelesch Arméi seet, d‘Schoul wier vun Terroriste vun der Hamas a dem islameschen Dschihad benotzt ginn, fir Attacke géint Israel ze lancéieren. Beim Bombardement wieren e puer Kämpfer vun der Hamas ëm d‘Liewe komm.