Radioen

On air

Moiesstudio  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel: Manifestatioun mécht op Schicksal vu Geiselen opmierksam

Krich an der Gaza-Sträif

Israel: Manifestatioun mécht op Schicksal vu Geiselen opmierksam

An Israel gouf et gëschter eng gréisser Manifestatioun zu Tel Aviv un där, den Organisateuren no, 20.000 Mënschen Deel geholl hunn. Si hunn um 100. Krichsdag op d’Situatioun vun de Geiselen opmierksam gemaach, déi zanter dem 7. Oktober vun engem Terroristegrupp vun der Hamasbeweegung an d’Gazasträif verschleeft goufen.

auto_stories

1 min

Israel: Manifestatioun mécht op Schicksal vu Geiselen opmierksam | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Israel: Manifestatioun mécht op Schicksal vu Geiselen opmierksam (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

D’Manifestanten hunn der Regierung an dem Premier Benjamin Netanyahu virgeworf net genuch ënnerholl ze hunn fir d’Geiselen nees ze befreien.

Ausléiser vum Krich an der Gazasträif war de Massaker vum 7. Oktober wéi 1.200 Israeeli vun extremistesche Gruppen ëmbruecht goufen. 250 Persoune goufen als Geisel verschleeft. 105 vun hinne goufe fräigelooss.

Kritik vun der UN un Israel

Mee déi israeelescch Militäroffensiv an der Gazasträif gëtt ëmmer méi kritiséiert, d’UN-Agence fir déi palestinensesch Refugiéen, schwätzt vun 100 Deeg un Doud an Zerstéierung.

De Generalkommissär vun där UN-Agence den Philippe Lazzarini huet an enger Deklaratioun ënnerstrach, datt d’Palestinenser an der Gazasträif wéinst dem Konflikt stierwen, hir Wunnengen an Infrastrukture sinn zerstéiert ginn, ee groussen Deel vun der Populatioun gouf deplacéiert, si leiden un Honger an dem Manktem un Drénkwaasser. D’Spidolsinfrastrukturen kéinten net méi normal funktionéieren.

Bis elo 23.000 Doudeger

D’Majoritéit vun den Mënschen, inklusiv d’Kanner wieren zu déifst traumatiséiert.

Der palestinensescher Gesondheetsverwaltung no, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, wiere bis elo iwwer 23.000 Palestinenser an der Gazasträif ëm d’Liewe komm.