Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israeelesche Militär verlagert d'Offensiv an de Süde vun der Gazasträif

Noen Osten

Israeelesche Militär verlagert d'Offensiv an de Süde vun der Gazasträif

Déi israeelesch Militär-Offensiv géint d‘Hamas an der Gazasträif konzentréiert sech ëmmer méi och op de Süde vun dem palestinensesche Gebitt. Israeelesch Panzere géifen elo ronderëm d‘Stad Khan Younis operéieren, esou d‘Noriichtenagence AFP.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa
Foto: picture alliance / dpa

Gëschter hat Israel d‘Populatioun am Nord-Oste vun där Stad opgeruff, sech virun imminente Bombardementer a Sécherheet ze bréngen.

Den UNO Generalsekretär António Guterres sot, hie wier äusserst besuergt iwwert Verlagerung vun der israeelescher Offensiv an de Süde vun der Gazasträif. Honnertdausende Palestinenser wieren dohi geflücht, an et géif elo néierens an der Gazasträif eng Plaz ginn, wou ee sécher ass, sou den UNO Chef.