Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Zeien iwwer d’Hamas-Geiselnam

Temoignage

Israeelesch Zeien iwwer d’Hamas-Geiselnam

Ee Grupp vun israeeleschen Zeie vun de Geiselname vun der Hamas war zu Lëtzebuerg, fir iwwer d’Entwécklungen ze beriichten. Zanter Woche si si ënnerwee fir bei der Press an der Politik d’Leit ze mobiliséiere fir déi Geiselen ze befreien.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Viru mëttlerweil méi wéi 40 Deeg hunn Terroriste vun der islamistescher Hamas-Beweegung an Israel an zwou Kibbutzen an um Nova Festival dausende Mënschen ëmbruecht oder blesséiert. Weider honnerte goufen als Geiselen an d’Gazasträif entfouert. Ee Grupp vun Zeie vun dësem Massaker ass zanter Wochen ënnerwee, fir bei der Press an an der Politik no Ënnerstëtzung ze froen. Och zu Lëtzebuerg war eng Pressekonferenz, op där si erzielt hunn, wat un deem Dag geschitt ass.

Et si Videoen a Biller mat schrecklechen Zeenen, déi der Press gewise goufen. An et ass just ee klengen Deel vun deem, wat d’Hamas wärend dem Massaker vum 7. Oktober an Israel gefilmt an am Internet verbreet huet. Ze gesi si Fraen, Männer, Kanner a Puppelcher déi brutal ëmbruecht ginn.

En Appell u Press a Politik

 

Der israeelescher Botschafterin no géif et ee gudde Grond ginn, firwat dës Opnamen op der Pressekonferenz gewise goufen: Et géifen nach ëmmer Leit ginn, déi net gleewe, wat d’Medien iwwert de Konflikt beriichten, an d’Existenz vum Massaker a Fro stellen. Si betount, datt d’Zeien op der Pressekonferenz virum 7. Oktober einfach Israeelesch Biergerinne waren. Elo hunn si Bekannter a Familljemembere verluer, verschiddener goufe brutal ëmbruecht, anerer an dGazasträif verschleeft an als Geisel gehalen.

Temoignage vun de Kibbutzen

D’Dvora Idan huet iwwert ee Live-Chat misse gesinn, wéi hire Fils a seng Famill terroriséiert goufen. Hir Enkelin gouf erschoss, si hat just hir 18 Joer gefeiert. Zwee Enkelkanner an hir Mamm koume lieweg dovun, mee hire Fils feelt. D’Mamm a Groussmamm betount, et wier net ze erdroe gewiescht, absolutt näischt ze wëssen.

“Dofir sinn ech hei fir ze froen – a meng Fuerderung adresséiert sech u jiddereen an der Welt an och an Israel –  hëlleft ons fir datt se zréck heem kënne kommen.”

Och d’Ayellet Hakim bréngt eng Geschicht mat sech. Si konnt sech zesumme mat hirer Famill an hirem Haus am sougenannte Safe Room retten. Vun dësem gesécherte Raum aus hunn si iwwer WhatsApp suivéiert wat geschitt ass.

“Et ass een an d’Haus agebrach, et sinn Terroristen am Kibbutz, si verbrennen d’Haiser a probéieren eranzekommen, w.e.g. hëlleft ons, wou ass d’Arméi wou ass d’Police w.e.g. hëlleft ons.”

Dat waren d’WhatsApp Message vun dem Dag. Säitdeem feelt vun hirer Schwëster a vum Schwoer all Spuer.

Beriicht vum Nova Festival

D’Laura Blajman war um Museksfestival a konnt sech duerch ee Wonner retten. Zesumme mat sechs anere Persoune war si wärend sechs Stonnen an enger Caravane verstoppt. Vun do aus konnt si héieren, wat dobausse geschitt ass: Leit hätte gejaut a wieren erschoss ginn. Zwee Mol hätten d’Terroriste probéiert fir d’Dier opzemaachen.

Eréischt wéi d’Arméi du koum, goufen si befreit. An do hu si d’Ausmoosse vum Massaker gesinn. Iwwerall ware Läichen. D’Zeien huet betount datt si an hirer Noperschaft mat Moslemen zesummelieft. Hir Nopesch hätt fir si gebiet.

Lauschterenplay_arrow