Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Zaldote sollen ee Waffelager an engem Spidol entdeckt hunn

Aktuelles aus dem Noen Osten

Israeelesch Zaldote sollen ee Waffelager an engem Spidol entdeckt hunn

Israeelesch Zaldote sollen am Keller vun engem Spidol zu Gaza ee Waffelager entdeckt hunn. Iwwerdeems koum et am Norde vum Westjordan zu enger Schéisserei tëschent der israeelescher Arméi a jonke Palestinenser.

auto_stories

2 min

Am Norde vum Westjordan sinn hënt fënnef Palestinenser bei Schéissereie mat der israeelescher Arméi ëm d‘Liewe komm. Déi fënnef Männer am Alter tëscht 21 an 29 Joer goufe wärend enger Militäraktioun-Aktioun zu Tulkarem erschoss. Aenzeien no hätt déi israeelesch Arméi hei ee gréissere Kontrolldispositif ageriicht. Detailer dozou goufen et keng.

Israeelesch Zaldote sollen am Keller vun engem Spidol zu Gaza ee Waffelager entdeckt hunn. Et géifen deemno och Unzeechen dofir ginn, datt Geiselen am Rantisi-Spidol festgehale goufen, sou de Porte parole vun der israeelescher Arméi.

D‘Spidol ass eigentlech spezialiséiert op d‘Behandlung vu kriibskranke Kanner. Op Videoopname ware Waffen, Sprengstoff an Handgranaten ze gesinn. Am Raum waren och eng improviséiert Toilette, eng kleng Kichen a Bëbeesfläschen. Terroriste solle sech hei am Keller vum Spidol verstoppt hunn, och Tunnelsentréeë si vun dësem Keller fort gaangen.

Déi israelesch Arméi wëll Couveuesë fir Fréigebuerten an d'Gazasträif liwweren. Wéinst der dramatescher Situatioun an der Kannerklinik vum Shifa-Spidol gouf et elo eng formell Offer. Et wier een am Krich mam Hamas, a net mat der palestinensescher Populatioun, sou eng Porte parole vun der Administratioun, déi fir d‘Kontakter mat der palestinensescher Säit zoustänneg ass. Am Spidol ware gëschter no palestinenseschen Informatioune siwen Neigebuerener gestuerwen, well d‘Sauerstoffapparater hu missen ofgeschalt ginn. Et feelt un Diesel fir d‘Stroumaggrgater ze bedreiwen.

Den amerikanesche President Joe Biden huet un Israel appelléiert, d‘Haaptspidol zu Gaza ze verschounen. D‘Aktioune ronderëm d‘Spidol misste mat Moss gefouert ginn.