Radioen

On air

Moiesstudio  |  Justice, Tame Impala - Neverender

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israeelesch Militärattack am Westjordanland a weider Virwërf wéinst Krichsverbriechen

Noen Osten

Israeelesch Militärattack am Westjordanland a weider Virwërf wéinst Krichsverbriechen

De palästinensesche Rouden Hallefmound mellt fënnef Doudeger an ee schwéier Blesséierten no enger israeelescher Militärattack zu Tubas am Westjordanland. D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International geheit Israel iwwerdeems grav Verstéiss géint Zivilpopulatioun an der Gazasträif vir.

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

En Auto wier viséiert gewiescht. Israel schwätzt vun enger geziilter Aktioun géint arméiert Terroristen. Dat israeelescht Militär hat virdrun d'Flüchtlingslager vu Faraa attackéiert. D'Militäraktioun am Westjordanland leeft zanter dem 28. August.

D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International geheit Israel iwwerdeems grav Verstéiss géint Zivilpopulatioun an der Gazasträif vir. Nodeems den Oste militäresch kontrolléiert gi wier, wieren Haiser a Felder muttwëlleg zerstéiert ginn. D'Schafe vun enger sougenannter Pufferzon tëschent Israel an der Gazasträif wier e Krichsverbriechen an eng Enquête misst lancéiert ginn.