Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Medien: Verhandlungen iwwer eng Wafferou kéime virun

Noen Osten

Israeelesch Medien: Verhandlungen iwwer eng Wafferou kéime virun

D’Verhandlungen tëscht Israel an der Hamas iwwer eng Wafferou an der Gazasträif an iwwert d’Befreiung vu Geisel kéime virun, schreiwen israeelesch Medien. D’Verhandlunge sinn zu Doha am Katar a ginn indirekt iwwert d’USA, Katar an Ägypte gefouert.

auto_stories

1 min

Am Gespréich ass den Austausch tëscht 40 israeelesch Geisel a palästinensesch Detenuen.

Israel steet ëmmer méi ënner Drock vun den USA, déi eng Buedemoffensiv zu Rafah kategoresch ofleenen.

Zu Rafah an der Gazasträif sinn nämlech 1,5 Millioune Flüchtlingen, déi aner Partië vun der Gazasträif wéinst de Bombardementer verlooss hunn.

De Gesondheetsministère aus der Gazasträif, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, huet haut een neie Bilan publizéiert. Zanter dem 7. Oktober, also dem Massaker op israeeleschem Buedem, an der Offensiv an der Gazasträif, wieren 32.226 Mënschen an der Gazasträif ëm d’Liewe komm.