Radioen

On air

Moiesstudio  |  Weyes Blood - Grapevine

play_arrow Live
search

/ Déi israeelesch Arméi behaapt d'Kontroll iwwer d'Grenz mat Ägypten ze hunn

Noen Osten

Déi israeelesch Arméi behaapt d'Kontroll iwwer d'Grenz mat Ägypten ze hunn

Déi israeelesch Arméi seet si hätt am Süde vun der Gazasträif d‘Kontroll iwwer déi ganz Grenz zu Ägypten iwwerholl.

auto_stories

1 min

Panzer am Süde vun Israel | © picture alliance / NurPhoto | Saeed Qaq
Panzer am Süde vun Israel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Saeed Qaq)

Si hätt do 20 Tunnelle vun der Hamas entdeckt, déi warscheinlech benotzt gi wiere fir Waffen aus Ägypten an d‘Gazasträif ze schmuggelen.

Ägypten dementéiert d‘Existenz vun Tunnellen u senger Grenz. Israel géif dat behaapte fir déi ëmstridden Offensiv op Rafah ze justifiéieren, esou e Spriecher vun der ägyptescher Regierung.