search

/ Irregularitéite bei Finanze vun de Piraten: Dossier geet un de Parquet

Rechnungshaff

|
headphones

2 min

Irregularitéite bei Finanze vun de Piraten: Dossier geet un de Parquet

An der Affär em d'Irregularitéite bei de Finanze vun der Sensibilitéit vun de Piraten huet d’Cour des Comptes an och de Chamberbüro de Mëtteg decidéiert den Dossier un de Parquet wieder ze ginn.

headphones

2 min

Aus dem Spezialrapport, deen de Rechnungshaff haut virgestallt huet, geet ervir, datt an der Comptabilitéit vun de Pirate vun 2018-2023 eng sëllege Piècë feelen.

Aus engem Echantillon vun iwwer 500.000 Euro feelen der Cour des Comptes Justificatiffen am Wäert vu ronn 68.000 Euro. Onreegelméissegkeete ginn et notamment bei Reeskäschten, Restaurants-Rechnungen an Interessenskonflikter bei Fournisseuren. 

Comptabilitéit wier "eng Schongkëscht" gewiescht

Et wier deemno net novollzéibar ob ëffentlech Gelder fir parteipolitesch oder privat Zwecker ausgi gi wieren, esou de Bilan vun der Cour des Comptes.

D’Finanzéierung vun der Piratepartei an eegener Saach, an de parlamentareschen Aktivitéite vun den zwee Deputéierte, wier net kloer erkennbar, erkläert de Vize-President vun der Cour des Comptes de Patrick Graffé.

Den Deputéierte vun de Piraten Sven Clement justifiéiert den Duercherneen an de Rechnungen domat, datt et keng kloer Richtlinne ginn hätt. Hier Comptabilitéit wier "eng Schongkëscht gewiescht", esou de Sven Clement. Dobäi hätt een an der Chamber no Richtlinne gefrot.

"Ech entdecken haut, siwe Joer a méi spéit, deelweis nach ëmmer nei Reglementer, nei Reegelen, déi einfach keen eis jee ginn huet."

Marc Baum (Déi Lénk) schwätzt vu bëllegen Ausrieden

Et wier awer e Feeler gewiescht keng Fiduciaire mat der Comptabilitéit ze beoptragen, esou nach de Sven Clement.

D’Sam Tanson vun déi gréng huet ze bedenke ginn, datt Verhale vun de Piraten eng negativ Luucht ob d’Fonctionnement vum Parlament werft.

De Marc Baum vun Déi Lénk fënnt et wier eng bëlleg Ausried hannert där d’Piraten-Deputéierte Marc Georgen a Sven Clement sech hei verstoppen.

"Si haten awer parallel Gesellschaften, wou si Steiererklärunge fir aner Leit gemaach hunn. An elo dohinner ze kommen an ze soen, si hätt keng Anung vu Comptabilitéit gehat."

Laurent Zeimet (CSV): "Just D'Piraten hu gemaach wat se wollten"

Och de Laurent Zeimet vun der CSV fënnt, datt déi Feeler an der Comptabilitéit net ob Onerfuerenheet zeréckzeféiere wier. An och de Manktem u Reegele léisst hien net gëllen. Vill aner Parteien, hätten dat jo trotzdeem net gemaach, wat se wollten.

"Et gouf just eng Sensibilitéit, déi gemaach huet, wat se gewollt huet an déi ëffentlech Gelder zweckentfriemt huet. An dat sinn d‘Piraten."

D'Cour des Comptes huet zum Deel ageraumt, datt et kee klore legale Kader gëtt wei d’Comptabilitéit ze maachen ass. Zënter dësem Joer wäerten si eemol d’Joer d’Finanze vun de Fraktiounen a Sensibilitéiten iwwerpréiwen.