Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Irland kämpft juristesch géint dat brittescht Amnestie-Gesetz

Nordirlandkonflikt

Irland kämpft juristesch géint dat brittescht Amnestie-Gesetz

Am Sträit ronderëm ee brittescht Amnestie-Gesetz zum Nordirland Konflikt hat Irland den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ageschalt. Déi brittesch Regierung mengt, datt vill Grujeldote mëttlerweil ze laang zeréck géife leien. Groussbritannien huet deemno ee Gesetz gestëmmt, dat weider strofrechtlech Ermëttlungen ënnerbënnt.

auto_stories

1 min

London | © picture alliance/dpa | Jan Woitas
London (Foto: picture alliance/dpa | Jan Woitas)

Familljememberen aus béide fréiere Lager an Nordirland haten d‘Gesetz kritiséiert. D‘Republik Irland gesäit doran ee Verstouss géint d‘Europäesch Mënscherechtskonventioun.

Am Nordkoreakonflikt goufen tëschent 1960 an dem Karfreidesofkommes 1998 ronn 3.600 Mënschen ëmbruecht. D‘Konfliktparteie waren déi pro-iresch an déi pro-brittesch Milizen, mee och d‘Police an dat brittescht Militär.