Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iranesch Rakéiten op Ziler a Syrien an Irak geschoss

Iran - Irak - Syrien

Iranesch Rakéiten op Ziler a Syrien an Irak geschoss

Déi iranesch Revolutiounsgarden hu ballistesch Rakéiten op Ziler am Irak a Syrie geschoss. Am Irak war Erbil viséiert, Haaptstad vum autonome Gebitt irakesche Kurdistan. 

auto_stories

1 min

D‘Autoritéiten do hunn op d‘mannst véier zivil Doudesaffer gemellt. D‘iranesch Revolutiounsgarde behaapten, si hätten zu Erbil eng Spionage-Zentral vum israeelesche Geheimdéngscht ugegraff. D‘USA hunn d‘Attack als irresponsabel a schiedlech fir déi regional Stabilitéit verurteelt.

A Syrien hunn d‘iranesch Revolutiounsgarden eegenen Aussoen no Positioune vum terroristesche Grupp Islamesche Staat ugegraff.