/ Iranesch Droneproduktioun: China verurteelt amerikanesch Sanktiounen
International Politik
Iranesch Droneproduktioun: China verurteelt amerikanesch Sanktiounen
China verurteelt déi amerikanesch Sanktioune vis à vis vu Persounen an Entreprisen, déi déi iranesch Droneproduktioun ënnerstëtzen. Dëst si Firmaen, déi haaptsächlech am Iran selwer, zu Hong Kong, a China an a Venezuela aktiv sinn.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)
D‘Sanktioune gesinn ënner anerem vir, datt Konten an den USA agefruer ginn. Unilateral Sanktioune wieren ëmmer ze verurteelen, heescht et aus dem chineeseschen Ausseministere.
D‘USA bleiwe bei hirer Linn, d‘Produktioun an d‘Ventë vun dësen Dronen, déi Russland a grousser Zuel an der Ukrain asetzt, ze verhënneren.
Iranesch Droneproduktioun: China verurteelt amerikanesch Sanktiounen