search

/ Iranesch Attack op Israel dëse Weekend net auszeschléissen

Iran refuséiert Versich fir friddlech Léisung

|
reading time

1 min

Iranesch Attack op Israel dëse Weekend net auszeschléissen

D‘Suerge virun enger Eskalatioun am Noen Oste klammen. Den Iran refuséiert all Vermëttlungsversich vum Ausland, fir eng friddlech Léisung am aktuelle Konflikt mat Israel ze fannen. 

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

D‘Fuerderungen an déi Richtung vun „befrënnte, wéi net befrënnte Staaten“ wiere fir Teheran net akzeptabel, heescht et. Den Iran wéilt sech bei Israel revanchéieren, fir déi däitlech Attack op den Auslandschef vun der Hamas, den Ismail Hanija vun dëser Woch.

Déi israeelesch Arméi ass an héchster Alarmbereetschaft. Iwwerdeems sinn d‘USA amgaang weider Krichsschëffer an Kampffliger an d‘Regioun ze verleen, wei den amerikanesche Verdeedegungsministere matdeelt. Béid Länner géifen dëse Weekend mat enger iranescher Attack rechnen, schreift den Wall Street Journal.