Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iowa: Virwale vun de Kandidate fir d'Presidentschaftswalen

USA

Iowa: Virwale vun de Kandidate fir d'Presidentschaftswalen

Am amerikanesche Staat Iowa gëtt d‘Waljoer an den USA haut lancéiert. D‘Republikaner am Iowa bestëmme bei sougenannte Caucus-Virwale wien hire Kandidat oder hir Kandidatin fir d‘Presidentschaftswale soll ginn. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)

De fréiere President Donald Trump ass Favorit, seng Haapt-Rivale sinn déi fréier UNO Ambassadrice Nikki Haley, an de Ron de Santis, Gouverneur vu Florida. 

Den Donald Trump, dee véier mol strofrechtlech ugeklot ass, stellt sech déi éischte Kéier, zanter datt hie President war nees de Wielerinnen a Wieler. Dës Virwal bei de Republikaner gëtt och vun den aktuell extreem kalem Temperaturen am Staat Iowa dominéiert.