En Dënschdeg, um 755. Dag vum Krich an der Ukrain, war déi sougenannt Kontaktgrupp zu Ramstein bei Kaiserslautern nees beieneen. Dat ass déi breet Koalitioun vun allen NATO-Staaten an nach e puer anere Länner, déi der Ukrain mat vill Geld an Equipementer wëllen hëllefen, de Konflikt mat Russland net ze verléieren.
Asaz vun auslännesche Buedemtruppe wier onverantwortlech
Buedemtruppen an d‘Ukrain ze schécken, esou wéi de franséische President Macron dat envisagéiert hat, fënnt d‘Verdeedegungsministerin net gutt.
“Mir gesinn et de Moment als wierklech net ganz verantwortlech fir ze soen, voilà, mir mussen elo, wou de Krich amgaangen ass, och Lëtzebuerger Truppen an der Ukrain an engem Krich engagéieren. Dann importéiere mir am Fong de Krich an d'EU an an d'NATO, an ech mengen, dat wëlle mir wierklech net.”
Solidaritéit bleift intakt
D’Solidaritéit vun enger breeder Koalitioun vu Länner mat der Ukrain wier awer intakt an d’Bereetschaft fir weider Waffen, Munitioun an aner Equipementer ze liwweren, ëmmer nach grouss. "Mir dierfen d‘Ukrain net faleloossen“, betount d‘Verdeedegungsministerin.
Et misst een alles maachen, fir datt de Wladimir Putin versteet, datt een net zouléisst, datt d‘Ukrain verléiert an aner Länner dat nächst Zil ginn.