Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Haesen - The Parrot's Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir déi digital Carte d'identité feelt just nach den Avis vum Staatsrot

Digitaliséierung

Fir déi digital Carte d'identité feelt just nach den Avis vum Staatsrot

An noer Zukunft wäerten Dokumenter wéi d’Carte d’identité, de Führerschäin oder d’Sécurité-sociales-Käertchen och an digitaler Form zur Verfügung gestallt ginn. Déi technesch Solutioun wier esou gutt wéi prett, erkläert d’Digitalisatioungsministesch Stéphanie Obertin. 

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Just d’Base légale géif nach feelen. Déi läit aktuell pour avis beim Staatsrot. Soubal d’Gesetz gestëmmt wier, wier een awer relativ séier prett, ënnersträicht d’Stéphanie Obertin. D’Dokumenter an der e-Wallet kréien déi selwecht juristesch Valeur, wéi dat physescht Dokument.

"Dat wäert dann am Gesetz festgehale ginn, datt een am Fong net opgefuerdert ka ginn, och seng Plastikskäertche missen ze weisen. Mee déi digital Attestatioun huet déi selwecht Valeur probante wéi d’Plastikskäertchen."

Mandat numérique a virtuell Rendez-vousen

Zwee aner digital Projeten, déi scho relativ wäit fortgeschratt sinn, sinn de Mandat numérique an de Rendez-vous virtuel, deen et de Bierger géif erméiglechen, e virtuelle Meeting mat engem Agent ze huelen. Dee Meetingsraum wier mat Luxtrust securiséiert.

"An de Mandat numérique, dee wäerte mir hoffentlech Enn 2025 fäerdeg hunn. Deen erlaabt am Fong enger Persoun, déi net esou digital affin ass, eng Personne de confiance oder e Familljemember kënnen ze mandatéieren."

Déi designéiert Vertrauenspersoun oder Familljemember soll dann d'Demarche maache kënne fir déi aner Persoun.

Lauschterenplay_arrow