Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stéphanie Obertin: Infrastruktur fir "once only" steet

Administrativ Vereinfachung

Stéphanie Obertin: Infrastruktur fir "once only" steet

Am Prinzip wier de Lëtzebuerger Staat elo scho gutt opgestallt fir déi digital Transitioun unzegoen, seet déi zoustänneg Ministesch Stéphanie Obertin.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

Déi informatesch Infrastruktur, déi néideg wier fir de “Once-Only-Prinzip” enges Daags ëmzesetzen, an also den Austausch vu perséinlechen Donnéeën tëscht ëffentlechen Entitéiten ze erméiglechen, géif elo scho bestoen, sou d’DP-Ministesch de Moien am 100,7-Interview.

"Wann d'Gesetz gestëmmt ass, trëtt dat Gesetz a Kraaft an alleguer déi Administratiounen, déi technesch prett sinn, déi wäerten dat applizéieren.“

Och d’Digitaliséierung vun Dokumenter wier méi wäit, wéi een dat vu bausse kéint mengen.

Op MyGuichet géif een och scho vill Demarchë fannen, sou d‘Stéphanie Obertin. Ee geneeën Zäitplang fir d'Ëmsetzung vum Projet, dee lo mol um Instanzewee ass, gëtt et net. E kéint awer gräifen, soubal d’Gesetz gestëmmt wier, sou d’Stéphanie Obertin. Si gëtt gläichzäiteg zou, datt et nach ëmmer Verwaltunge ginn, déi manner gutt opgestallt wiere wéi anerer – deene géif een en vue vun der Ëmsetzung vum Projet, ënnert d’Äerm gräifen.

Lauschterenplay_arrow