Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Polizisten, méi Kontrollen, méi Reklamatiounen

IGP

Méi Polizisten, méi Kontrollen, méi Reklamatiounen

Déi méi héich Zuel 2024 un Enquêtë géint Polizisten huet d’IGP-Cheffin Monique Stirn duerch méi Policepresenz um Terrain erkläert, déi zu méi Kontrollen a méi Interaktioune mam Bierger féieren, an zu méi Reklamatiounen.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

Monique Stirn | © Chris Zeien play_arrow
Monique Stirn (Foto: Chris Zeien)

Zur Fro, firwat d'IGP d'lescht Joer däitlech méi Enquêtë géint Polizisten opgemaach huet, huet d'Monique Stirn, Inspecteur général de la police, erkläert, et géif keng eendeiteg Äntwert dorop ginn.

Ech mengen, dat ass een Zesummespill vu verschiddene Facetten. D’Police-Effektiv, an dat huet jo jidderee matkrut aus der Press, ass effektiv an de leschte Jore staark eropgaangen. A wa mir soe méi Polizisten, da soe mir méi Policepresenz um Terrain, forcement heescht dat méi Kontrollen, méi Interaktioune mam Bierger dobaussen, an ëm sou méi Situatiounen, wou sech kënne Reklamatiounen erausschielen.

Net all administrativ Enquête vun der IGP géif ee Feelverhale vu Poliziste bedeiten, huet d’Monique Stirn ënnerstrach. Et kéint awer bei der Analys vun der Generalinspektioun erauskommen, datt de Policebeamte sech net richteg verhalen hätt.

Eng besser Policeaarbecht als Zil

D'IGP géif d’Reprochë vun de Bierger:inne kucken an d'Situatioun analyséieren. Déi administrativ Enquêtë géifen awer nach méi wäit goen.

Wann ee Polizist reprochéiert kritt huet, an enger Situatioun net richteg gehandelt ze hunn, d'Prozedur net applizéiert ze hunn, ze lues gewiescht ze sinn oder een Text schlecht ugewannt ze hunn, da kucke mir wuel dat doten, mee mir kucken och den Hannergrond. Mir kucken, majo, wat steet dann zu deem Sujet an de Prescription de services? Sinn d'Prescription de services kloer genuch gewiescht, fir datt de Beamte sech erëmfënnt?

Der Generalinspektioun IGP géif et dorëm goen, d'Aarbecht vun der Police ze verbesseren, esou d'Monique Stirn. Bei villen Enquêtë géif een "dat grousst Bild hannendru" kucken.

Bodycamme bei der Police: "Eng gutt Saach fir eis"

D'IGP begréisst d'Aféierung den 1. Juli dëst Joer vun de Bodycamme bei der Police. Dobäi géif et ëm d'Preventioun goen. Wann de Beamte seng Kamera umécht, da kéint dat och zur Deseskalatioun féieren, esou d'IGP-Cheffin. Donieft géif et ëm d’Beweislag goen.

Wann eng gréisser Affär war, déi dann och an der Press opgehäit gouf, (...) a Biller an de Soziale Medie kurséiert sinn, Videoen, datt mir dann och een Opruff gemaach hunn, fir verschidde Videoen ze kréien, well mir déi eeben an den Enquêtë verschafft hunn. An ech mengen, dat heiten ass eng gutt Saach fir eis.

D'Bodycamme bei der Police wieren also wäertvoll fir d'Enquêtë vun der Generalinspektioun vun der Police, esou d'Monique Stirn um radio 100,7.

 

Lauschterenplay_arrow