Eppes méi wéi 5.000 Leit liewen aktuell zu Gréiwemaacher. An noer Zukunft wäerten et der gutt fënnef Prozent méi ginn, wann de Lotissement Pietert op der Héicht vun der Schleis mat Wunnenge fir 250 Leit bis fäerdeg ass. Och doriwwer eraus wäert d’Populatioun nach e bësse wuessen, awer net onendlech vill, wéi d’Monique Hermes, déi nei Buergermeeschtesch vu Maacher a Nofollgerin vum neien Inneminister Léon Gloden, am 100,7-Interview erkläert.
"Ech hat emol gesot mir sollen elo déi 250 do huelen. Da si mer no an no bei 5.500, also ech perséinlech géif soe bis ëm 6.000 an da wier et gutt. Maacher huet de ganz grousse Charme, dass et eng Stad ass am ländleche Raum. A Maacher muss déi Stad am ländleche Raum bleiwen, mat sengem Stadkär, dee jo eng Festung war. Mat dem Stadkär, wou d'Leit sech zesummefanne kënnen. Dofir plange mer eng nei Maartplaz, dat eng Begéignungsplaz soll ginn am Häerz vum Maacher."
"Kultur spillt sech op regionalem Niveau of"
E weidere Projet ass de Kulturzenter deen amgaang ass gebaut ze ginn. Dee mat Liewen ze fëllen, géif eng grouss Erausfuerderung ginn, gëtt d'Monique Hermes zou. 40 Milliounen Euro wäert deen Zenter kaschten. Ob e Festsall mat 1.500 Plaze fir eng Gemeng vun eppes iwwer 5.000 Awunner net e bëssen iwwerdimensionéiert wier, mengt si awer net.
"Ech mengen, d'Kultur spillt sech net nëmmen op engem lokalen Niveau of, d'Kultur spillt sech zu Maacher op engem regionalen Niveau of, souguer schonn am Kulturhuef. A mir ginn iwwert d'Grenzen eraus. Firwat sollen déi Maacher op Tréier goen an déi Tréierer net op d'Maacher kommen? Dofir musse mer Saachen ubidden, déi iwwerregional unzéien, an dann dierft et wichteg sinn, datt een e grousse Sall huet."
Fir iwwerregional e Publique unzezéien, wier et wichteg, e grousse Sall zu Verfügung stoen ze hunn, betount d'Monique Hermes.