Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace: Banke weise net genuch op Impaktfongen hin

Nohalteg Investissementer

Greenpeace: Banke weise net genuch op Impaktfongen hin

Déi grouss Lëtzebuerger Banke kéimen hirer Obligatioun, de Client bei der Berodung op nohalteg Investissementer hinzeweisen, net ëmmer no. Zu där Conclusioun kënnt Greenpeace Lëtzebuerg no enger sougenannter mystery-shopping-Aktioun bei Spuerkeess, Raiffeisen, BIL, BGL an ING. 

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg huet am 100,7-Interview erkläert, datt bei där Aktioun Clienten, déi vun der Ëmwelt-ONG virbereet gi ware, just a 40 Prozent vun de Fäll op Fonge mat sozialem oder ekologeschem Impakt higewise gi wieren.

"Dat heescht: 60 Prozent vun eise mystery shopper sinn net gefrot ginn. Dat ass awer eng Obligatioun no der sougenannter MiFID 2 Direktiv, déi zanter August d’lescht Joer a Kraaft ass. An dat beweist nach eng Kéier, datt villes am Uerge läit a punkto Berodungsqualitéit bei de Banken."

D'Martina Holbach erkläert sech dat doduerch, datt et fir Banquiere schwéier ze verstoen ass, datt et bei ville Leit net drëms geet, méiglech vill Rendit ze kréien.

"Dat ass fir e Banquier warscheinlech schwéier ze verstoen, well si natierlech gewinnt si mat hire Clientë virun allem iwwer Rendit an iwwer Risiken ze schwätzen."

Si mengt awer och, datt et ënner anerem u konkrete Produite feelt, déi wierklech ee sozialen oder ekologeschen Impakt generéieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview