Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheet op der Gare: Zanter der Pandemie huet d'Situatioun sech net verbessert

Garer Quartier

Sécherheet op der Gare: Zanter der Pandemie huet d'Situatioun sech net verbessert

D’Sécherheetssituatioun ronderëm d’Stater Gare wier relativ abrupt gekippt, seet d’Laurence Gillen. Si ass Deel vum Grupp deen d'Manifestatiounen organiséiert, fir op d'Situatioun am Quartier opmierksam ze maachen. Lescht Woch gouf eng zweete Kéier manifestéiert.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Sécherheetssituatioun ronderëm d’Stater Gare wier relativ abrupt gekippt, seet d’Laurence Gillen. Si ass deel vum Grupp vu véier Leit déi d'Manifestatioun organiséiert huet, fir op d'Situatioun am Quartier opmierksam ze maachen. Lescht Woch gouf eng zweete Kéier manifestéiert.

D'Laurence Gillen mécht déi rasant Entwécklung un zwee Evenementer fest. Fir d’éischt d’Fermeture vum Kommissariat an der Glesener-Strooss, Mëtt 2015. Dat ass zwar entretemps nees stonneweis, daagsiwwer besat. Duerno koum dann awer d'Pandemie.

"Wärend dem Covid waren d'Stroosse jo ganz eidel an do huet sech dunn eppes ganz Gelungenes installéiert. A säitdeem geet et net besser."

"Dat hätt ee missen anescht denken"

Och d’Präsenz vum Abrigado an der Noperschaft, do wou awer och déi Drogenofhängeg sinn, hätt en Impakt, fënnt d’Laurence Gillen. 

"Jo, gutt, mee et ass awer an engem Quartier, wou d'Leit och wunnen. Ech mengen, dat hätt een awer missten e bëssen anescht denken an net an eng Zone de résidence setzen."

Zanter der Visitt vum Innenminister Léon Gloden Mëtt Januar am Quartier, wieren effektiv méi Police-Patrulle ronderëm d’Gare ënnerwee. Awer just daagsiwwer. Owes an nuets géif ee keng Poliziste gesinn, bedauert d’Laurence Gillen.

Alles an allem wier nach net genuch geschitt, an dofir hätten d’Leit aus dem Quartier de leschte Samschdeg scho fir d’zweet manifestéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview