Et gëtt méi Personal gefuerdert, manner administrativ Belaaschtung a méi Educateuren, fir déi villschichteg Problemer bei de Schüler an dëser Filière unzegoen.
„D’Leit, déi bei eis komm si mat hire Revendicatiounen, hunn eis gesot, datt se vill Schüler hunn, déi mol net méi de Modul 1 kënne packen, datt si scho quasi wéi e Modul 0 agefouert hunn. An et muss ee wëssen, de Modul 1 dat entsprécht ongeféier dem Niveau socle vun engem Cycle 2. Et wieren och Kanner derbäi, déi nach Analphabet wieren.“
Enseignantë fille sech eleng gelooss
Et wier eng ganz Panoplie vu Kanner an deene Klassen. Déi, déi d‘Basis hunn, fir spéider an de Beruff ze goen. An dann awer och Kanner, déi schoulesch immens schwaach ginn a spezifesch Besoinen hunn.
D’Enseignanten an der voie de préparation fille sech elenggelooss mat hire Problemer a si géifen och keng Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère spieren, bedauert d’Joelle Damé.
D’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW fuerdert méi Personal fir des Filière an där Schüler mat ganz verschiddene Problematike géife beienee kommen.
Educatiounsministère schafft un Adaptatiounen
Begréisst gouf awer, datt den Educatiounsministère an Tëschenzäit erkläert huet, datt een un Adaptatioune géing schaffen, an datt d’Virschléi vum SEW do géife mat afléissen.
"Dat freet mech dat ze héieren, well déi Informatioun hate mir nach net. Selbstverständlech ass et dat, wat mir erwaarden, datt mir do empfaange gi mat enger Delegatioun vun den Enseignanten aus der Voie de préparation, an datt do deene Leit nogelauschtert gëtt.“
Eng Haaptkritik vun den Enseignantë wier et nämlech, datt hir Doleancen net eescht geholl ginn.