D’Diskussioun iwwer Waffeliwwerungen wier “schwiereg” fir hir Partei, esou d’Carole Thoma. Dat, well d'Partei eigentlech eng pazifistesch Beweegung wier. Perséinlech wier Si der Meenung, datt eng Waffeliwwerung am Moment een néidegt Iwwel wier. Gëtt et an der Partei kee Konsens dozou?
"Nee, mir hunn als Partei keng Positioun. Mee do muss een awer och fairerweis soen: ech mengen net, datt elo doduerch eppes ännert, op mir elo eng Positioun dozou hunn oder net.”
An hirem Walprogramm fuerderen déi Lénk och, datt d’NATO misst opgeléist ginn. D’Parteispriecherin betount awer, dat wier am Moment “keng Prioritéit”.
D'Ausschléissen aus eventuelle Koalitioune gëtt bedauert
Iwwerdeems seet d'Carole Thoma, et wier “net dramatesch”, datt hir Partei nëmme ganz limitéiert Chancen huet fir an eng Regierung ze kommen. Déi Lénk wieren ee “wichtegen Acteur” an der Chamber, an hätten do zum Beispill konsequent den Index verdeedegt, esou d’Carole Thoma.
Si bedauert iwwerdeems, datt praktesch all déi aner Parteien eng eventuell Koalitioun mat deene Lénken ausschléissen – och d’LSAP an déi gréng.
“Ech mengen, datt dat relativ problematesch ass, datt eng gréng Partei an eng LSAP mat enger Hufeisen-Theorie duerch d’Géigend spillen. Si hu jo alle béid tëscht den Zeile plus ou moins gesot: Déi Lénk an d’ADR, dat ass dat selwecht. A vun enger grénger Partei a vun enger LSAP hätt ee sech awer eigentlech e bësse Verständnis fir d’politesch Realitéiten erwaart, sou datt dat schonn e bësse schockéiert huet, well et berout wierklech op kenger Realitéit.”