Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Memories Are Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Carole Hartmann: Wollt Vertrauen net direkt op d'Spill setzen

Buergermeeschtech vun Iechternach

Carole Hartmann: Wollt Vertrauen net direkt op d'Spill setzen

Hire Buergermeeschterposten zu Iechternach wollt d'Carole Hartmann net no deem gudde Score opginn. Och wa si d'Méiglechkeet gehat hätt, fir Ministerin ze ginn. D'Vertrauen dat si vun de Bierger krut, wollt DP-Generalsekretärin net op d'Spill setzen.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Potentiell” hätt si “natierlech” kënnen no de Chamberwale Ministerin an der neier Regierung ginn, fënnt d'Carole Hartmann. Mee no deem gudde Score, dräi Méint virdrun, bei de Gemengewalen an hirer Heemechtsstad Iechternach, wär séier kloer gewiescht, datt si de Buergermeeschterposten do net schonn no e puer Méint erëm wéilt opginn.

"Et ass scho kloer a mengen Aen aus dem Resultat ervirgaangen, datt d'Iechternacher Bierger sech do e Wiessel gewënscht hunn, dass ech als Persoun do och wierklech ganz gutt gewielt gouf. An ech hu fonnt, datt ech dat Vertrauen, wat mer do geschenkt ginn ass, elo net direkt op d'Spill wéilt setzen."

D'Carole Hartmann mengt, datt hir dat vill Leit iwwelgeholl hätten, wa si no dräi Méint dee Posten erëm opginn hätt.

Kee Bauchwéi mam Heescherverbuet

Als iwwerzeegt liberal Politikerin hätt si iwwerdeems kee Bauchwéi mam Heescheverbuet. Et géif net drëms goen, all Heeschert aus der Groussgaass ze verdreiwen.

"Et geet u sech ëm déi, déi dat Ganzt och organiséieren, déi och aggressiv Heescherei maachen. An et geet am Fait ëm Mënschenhandel, deen hannendru steet an ech mengen, datt mer do dat un der Wuerzel mussen upaken, wat a priori schwéier ze poursuivéieren ass."

Et géife vill Leit drënner leiden an et géif drëms goen, si ze schütèzen, betount d'Carole Hartmann.

Lauschterenplay_arrow