D’AfD hat gëschter matgedeelt, datt de Maximilian Krah am Walkampf fir d’Europawalen net méi ëffentlech optrëtt. Dat nodeems hien an engem Zeitungsinterview gesot hat, net all Member vun der SS wier automatesch e Kriminellen.
De Krah bleift awer Kandidat fir d’Europawalen a kann deemno och weider fir d’AfD an d’Europaparlament gewielt ginn.
Relatioun tëschent AfD an RN scho virdrun ugespaant
Et ass fir d‘Politologin awer och keng Iwwerraschung, datt de franséische Rassemblement National - bis 2018 nach Front National - net méi mat der däitscher AfD wëllt zesummeschaffen.
D’Relatiounen tëschent deenen zwou rietsextreeme Parteie wiere scho méi laang ugespaant. Dat hätt mat Muecht ze dinn, mee d’Marine Le Pen géif och scho méi laang op eng aner Strategie setzen, wéi d’AfD. Si probéiert de Rassemblement National als manner radikal duerzestellen. Wann dann de Spëtzekandidat vun der AfD, déi an der selwechter Fraktioun ass, esou Aussoe mécht, ass dat e Problem, betount d‘Anna-Sophie Heinze.
Provokatioun Deel vun der Strategie
D’Partei géif bewosst op Provokatioun setzen an de Maximilian Krah géif als Spëtzekandidat gutt bei déi Strategie passen. D‘Anna-Sophie Heinze vun der Uni Tréier mengt, datt dat kalkuléiert ass.
„Wenn man sich auch anschaut, was er wie in den sozialen Medien von sich gibt. Das ist Provokation durch und durch und damit ist er natürlich auch in der AfD nicht alleine.
An domat wier hien an der AfD och net eleng an ee gudde Spëtzekandidat, esou nach d'Politologin.