Radioen

On air

Concert  |  De Christus-Oratorium vum Franz Liszt

play_arrow Live
search

/ "Méi proaktiv" Zesummenaarbecht tëscht Gemengen a staatleche Verwaltungen

Den Inneminister fuerdert

"Méi proaktiv" Zesummenaarbecht tëscht Gemengen a staatleche Verwaltungen

Den Inneminister stoung an de leschte Méint vill an der Kritik. Wéinst senger éischter Amtshandlung an där d‘Heescheverbuet an der Stad ëmgesat gouf an och wéinst engem Video iwwer säin Alldag als Inneminister. Iwwerdeems stellt sech och d‘Fro, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

Léon Gloden | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

D‘Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an de staatleche Verwaltunge misst méi proaktiv ginn. Nëmme sou kann de Prozedure-Pak fir de Bausecteur ëmgesat ginn, mengt den Inneminister Léon Gloden. Déi annoncéiert Mesurë wieren eng "Challenge" fir béid Partner.

Allerdéngs wier de ganze Pak mam Gemengesyndikat ofgeschwat, betount den CSV-Minister.

Dossier Heescheverbuet "schleefe gelooss"

Ugeschwat op d’Kriticke géint d’Heescheverbuet confirméiert de Léon Gloden iwwerdeems, datt dat kéint am Kader vun enger aktueller Prozedur um Verwaltungsgeriicht zäitweis ausser Kraaft gesat ginn, sollt do decidéiert ginn, datt eng Analys um Fong néideg ass.

Senger Virgängerin Taina Bofferding geheit hie vir, den Dossier Heescheverbuet "jorelaang schleefe gelooss" ze hunn.

"Vollt Vertrauen an d‘Justiz"

D’Problematik wier laang bekannt gewiescht an hien hätt als Minister dunn net de Choix gehat, laang ze iwwerleeë fir eng Léisung ze fannen.

"De 15. Dezember hunn ech missten e Mémoire en réponse eraginn (...) ech si jo eréischt de 17. November an de Ministère komm, dat heescht meng Virgängerin hätt roueg kënnen op dee Recours äntweren."

Ob et net awer zu eng Suspensioun kënnt, an dat Reglement iwwer de Summer net ka praktizéiert ginn, steet nach aus. De Léon Gloden hätt awer "vollt Vertrauen an d‘Justiz".

Iwwerdeems fënnt den Inneminister och, datt d‘Diskussioune ronderëm de Video iwwer säin Alldag "héichgespillt ginn".

Lauschterenplay_arrow