Radioen

On air

9 bis 1  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Steve Thull: Arméi net opgestallt fir obligatoresche Militädéngscht

Verdeedegung

Steve Thull: Arméi net opgestallt fir obligatoresche Militädéngscht

Mir sinn an onsécheren Zäiten. Dat ass de Constat vum Chef d'Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi, Steve Thull, am 100,7-Interview. Et wier ënnert den aktuelle geopolitesche Konditiounen nach Loft no uewen, fir d’Militärausgaben an der NATO z’erhéijen. Wann och net op déi 5 Prozent déi den zukünftegen US-President Donald Trump rezent gefuerdert hat. 

auto_stories

1 min

headphones

15 min

Steve Thull | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

D'Neesaféiere vum obligatoresche Militärdéngscht wier iwwerdeems eng politesch Decisioun. Aktuell gëtt jo doriwwer nogeduecht.

Hie gëtt ze bedenken, datt d’Arméi aktuell net opgestallt wier, fir esou en obligatoreschen Déngscht iwwerhaapt kënnen anzeféieren. Och am Gespréich mat Arméischeffen aus Länner, déi u Russland grenzen, notamment déi baltesch Länner, géif ervir kommen, datt et net zilféierend wier, "alles obligatoresch ze maachen". 

"Well do, wou et obligatoresch ass, do ass et och esou, wann Exercicer gemaach ginn, datt dann heiansdo Leit net kommen an da ginn Excusë virgeschoben, firwat datt een net do ass."

Déi beschten Aart e Weis wier et, datt d‘Populatioun gesäit ëm wat et geet, a fräiwëlleg bereet ass, hire Bäitrag ze leeschten, esou de Steve Thull.