Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Two Door Cinema Club - What You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Serge Wilmes: "Den Ufank vum Enn vun de fossillen Energien ass agelaut"

Transitioun ewech vu fossillen Energien

Serge Wilmes: "Den Ufank vum Enn vun de fossillen Energien ass agelaut"

Déi aktuell Regierung hält sech an der Klimapolitik un dat wat op europäeschem Plang decidéiert gouf. Och un den Ziler vum PNEC géif ee festhalen, sot den Ëmweltminister Serge Wilmes am 100,7-Interview. Den Accord vun der COP28 géif hie begréissten.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Serge Wilmes | © Chris Zeien play_arrow
Serge Wilmes (Foto: Chris Zeien)

Den Ëmweltminister sot awer och, datt eenzel vun de knapp 200 Mesuren am PNEC kéinten op de Leescht geholl ginn. Och contraignant Moossname wollt hien net ausschléissen, allerdéngs wéilt ee prioritär net mam Kapp duerch d‘Mauer.

Den Accord, deen op der COP28 fonnt ginn ass, bewäert den Ëmweltminister positiv. Och wann d’Enn vun de fossillen Energien, also Kuel, Pëtrol a Gas, do nach net als mëttelfristegt Zil definéiert ginn ass.

Fir kloer ze soen: d'Europäesch Unioun wollt effektiv eng Sortie, e phase-out, eng richteg Sortie. Dat wier nach méi staark gewiescht. Mee deen transition-away, dat Fortgoe-vun ass awer verbonne mat puer aneren Elementer am Text, an déi si ganz wichteg. Éischtens gëtt sech ganz kloer bekannt zum Paräisser Accord, also  deem net-méi-wéi-1,5-Grad-Zil bei der globaler Erwiermung bis zum Schluss vum dësem Joerhonnert par Rapport zu der pre-industrieller Zäit: dat ass d’Zil. 

En anert Zil wier, datt bis 2050 weltwäit CO2-Neutralitéit erreecht gëtt. Domat wier dem Serge Wilmes no de Kader gesat, aus dem et och kee Wee méi zréck gëtt. Domat wier och "den Ufank vum Enn vun de fossillen Energien agelaut."

 

Lauschterenplay_arrow