D'Jeanne Lehair am Triathlon an d'Ni Xia Lian am Dëschtennis wiere ganz no drun, ënnersträicht de Raymond Conzemius. Sécher zu Paräis dobäi sinn och eng Cyclistin an ee Cyclist. Wien dat wäert sinn, decidéiert de Comité olympique Enn Juni op der Basis vun enger Propos vun der Vëlosport-Federatioun, erkläert de Raymond Conzemius.
"Et ass och eng Diskussioun, wéi déi eenzel professionell Ekippen hir Sportler preparéieren, wéi eng Méiglechkeeten se vun hinne kréien, fir sech och fir d'Olympesch Spiller ze preparéieren. An da mécht d'Federatioun eis eng Propos, d'FSCL, a mir als COSL treffen dann eng Decisioun. Natierlech ganz kloer op Basis vun där Propos."
Et feelt héchst Expertis
Eng Lëtzebuerger Medail bei Olympesche Spiller wär keng Utopie, wann et gelénge géif, de Sportler permanent Conditiounen ze bidden, ënnert deenen si sech optimal virbereede kënnen. Déi Ausso vum fréieren techneschen Direkter vum COSL Heinz Thews géif de Raymon Cozemius mat zwou Hänn ënnerschreiwen.
Mam LIHPS, der Sportsektioun vun der Arméi an dem Sportslycée wiere scho wichteg Strukturen en place. Wat elo nach feele géif, wier "héchst Expertis" vun Traineren an aneren Experten. An déi hätt hire Präis.
"Sou datt do den Invest awer dann definitiv muss kommen, wa mer wëllen international erfollegräich sinn. De Moment hu mer et fäerdeg bruecht - an dat muss een da schonn awer als positiv gesinn - matzehalen. Dat heescht mir sinn net agebrach an der Unzuel vu Qualifikatioune fir d'Olympesch Spiller, obwuel et international méi schwéier ginn ass. Mer halen also mat."