Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Grammar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ultracyclist Ralph Diseviscourt: "Eng Léier fir déi nächste Kéier"

DNF bei der Race Around Poland

Ultracyclist Ralph Diseviscourt: "Eng Léier fir déi nächste Kéier"

Shermer’s Neck: Dat ass den Numm vun deem Problem mat der Nuque, deen de Lëtzebuerger Ultracyclist Ralph Diseviscourt viru 6 Deeg bei der Extremcourse Race Around Poland forcéiert huet vum Vëlo ze klammen, an no 2.500 vun 3.600 Kilometer opzeginn.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Ralph Diseviscourt | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

 

De Phänomen ass ënner Ultracycliste bekannt a gefaart. En ass net onbedéngt mat grousser Péng verbonne, mee féiert dozou, datt een de Kapp net méi richteg gehuewen a gedréint kritt.

D'Zil war de Weltmeeschtertitel

Bis elo war de Ralph Diseviscourt dovu verschount bliwwen. Hätt hie mat Muskulatiounstraining am Virfeld eventuell kënne verhënneren, datt et esou wäit kënnt?

"Wéi d'Cyclisten esou oft: An de Fitnessstudio goen ass bei deene meeschten net esou un der Dagesuerdnung. A genau esou ass et och bei mir. Mee ech mengen, dat ass sécher, dass ee misst méi reegelméisseg a säin Trainingsprogramm abauen, fir effektiv Stabilisatiounsübungen ze maachen. Dat  ass eng Léier, déi ech draus wäert zéien, an an Zukunft och wäert dorunner schaffen: Eng Léier fir d'nächst Kéier."

Datt hien no 2.500 vun 3.600 Kilometer huet misse vum Vëlo klamme wier eng grouss Deceptioun gewiescht, sot hien am 100,7-Interview.

"Ech mengen, wéi ëmmer ginn ech bei sou Coursen och un den Depart fir e gutt Resultat ze maachen. Hei war ganz kloer d'Zil, de Weltmeeschtertitel ze kréien.

Enn vun der Saison

De Plang wier souwäit och gutt opgaangen, sot den "Dizzy". Den Départ "bescheiden ugoen, a Kräfte spueren duerch d'Bierger, fir duerno op deene leschten 1.500 bis 1.600 Kilometer dann ze attackéieren."

An effektiv, ier d'Problemer mat der Nuque komm sinn, konnt de Ralph Diseviscourt an enger Etapp 40 Kilometer ophuelen op seng direkt Konkurrenten, déi dee Moment eng 70 Kilometer viru him waren. 

Wat als nächst fir den Ultracyclist um Programm steet, konnt de Ralph Diseviscourt nach net soen. Sécher ass awer, datt no sou enger ustrengender Course (och wa se ne top en Enn gefuer konnt ginn), d'Saison elo fäerdeg ass.