Radioen

On air

Notturno  |  Charles Bradley - I Feel a Change

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et misst ee sech un de Prinzip vum "utile et nécessaire" halen

Gesondheetssecteur

Et misst ee sech un de Prinzip vum "utile et nécessaire" halen

No 14 Joer un der Spëtzt vum Collège médical huet den Dr. Pit Buchler d'Presidentschaft ofginn. Elo zitt hien e Bilan a werft e kritesche Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Den Dokter Pit Buchler, laangjärege President vum Collège médical, seet, de Lëtzebuerger Gesondheetssystem wier am internationale Verglach aussergewéinlech gutt. Dat léich un där optimaler finanzieller Ofsécherung vum Patient an un engem identeschen Zougang zu de Soine fir jiddereen.

Fir déi Qualitéit kënne bäizebehalen, misst de finanziellen Equiliber vum System laangfristeg garantéiert bleiwen. An dat kréich een am beschten op dës Manéier hin:

"Mir brauchen eng Educatioun vum Patient. Mir brauchen awer och eng Educatioun vum Dokter. Wa mer eis – de part et d’autre - un dee Prinzip géifen halen, deen à la base vun eiser Sécurité sociale ass, dem Prinzip de l’utile et du nécessaire, ech mengen, da kéime mer finanziell ganz gutt iwwer d’Ronnen an eisem System."

Vill Spuerpotenzial an der Digitalisatioun

International géif geschat ginn, datt 20 bis 30 Prozent vun de Käschten am Gesondheetssystem onnëtz wären. Vill Spuerpotential léich och bei der Digitalisatioun, z.B. beim elektronesche Patientendossier. Do acceptéiert den Dokter Buchler net, datt de Patient entscheede kann, wat dra kënnt wat net:

"Dat ass absolut net am Sënn vun der Saach. Fir et ganz plakativ ze soen: Entweder e kompletten Dossier oder guer keen. Et brauch een e kompletten Dossier. A wann do d’Méiglechkeet ass ze soen, déi do an déi do Saach wëll ech awer net a mengem Dossier hunn, dann ass den Dossier net méi sënnvoll."

Den Dokter Pit Buchler war 14 Joer President vum Collège médical, dem Beruffs-Uerde vun den Dokteren, Zänndokteren, Psychotherapeuten an Apdikteren. Viru kuerzem huet hien de Posten ofginn. 

Lauschterenplay_arrow