Radioen

On air

9 bis 1  |  Brijean - Counting Sheep

play_arrow Live
search

/ Pascal Peters: Lokal Police mécht d'Policeaarbecht net méi komplizéiert

Gesellschaft

Pascal Peters: Lokal Police mécht d'Policeaarbecht net méi komplizéiert

Déi nei lokal Police-Unitéiten, déi vum 1. Juli un an der Stad an zu Esch a Pilotprojete getest ginn, si Bestanddeel vun der Police a kréien hir Uerderen och vun der Regionaldirektioun oder vun engem Operatiounsbüro. Dat seet den neie Police-Generaldirekter Pascal Peters.

auto_stories

2 min

Do uewendriwwer misst dann eng Concertatioun stattfannen tëscht dem Regionaldirekter an dem concertéiere Buergermeeschter stattfannen.

De Pascal Peters schléisst net aus, datt déi Ofsprooch an Zukunft méi reegelméisseg wäert fonctionéiere wéi virdrun. Dat wier dann och de Moment wou de Buergermeeschter seng Doleancen, oder déi vun de Bierger kéint mat afléisse loossen.

„An da muss gekuckt ginn: Wou gëtt den Akzent geluecht vun de Patrullen? Wat ass festgestallt ginn, oder wat soll festgestallt ginn, wou dréckt de Schong?“

Enk Ofstëmmung ënnert de verschiddene Policeunitéiten

Duerch dëst Virgoe géif een och net riskéieren d‘Saach méi komplizéiert ze maachen, wéi se ass, sou de Policedirekter. Haut scho géif et verschidde Comités de prévention ginn, déi sech awer just sporadesch gesinn.

Natierlech misst een awer d‘Patrullen openeen ofstëmmen an déi verschidden Unitéite missten zesummeschaffen. Deemno wéi eng Infraktioun eng lokal Police-Autoritéit géif feststellen, misst si och hir regional Kolleege bäiruffen, sou de Pascal Peters. Am Kader vu Manifestatioune géif och haut schonn no deem Schema geschafft ginn.

Krees vu potentielle Kandidate muss eventuell erweidert ginn

Bei de massive Rekrutementer, déi an den nächste Jore bei der Police geplangt sinn, kéim een net derlaanscht, de Krees vu potentielle Kandidatinnen a Kandidate sou grouss wéi méiglech ze maachen. Warscheinlech och a Richtung Nët-Lëtzebuerger, seet de Pascal Peters.

„Déi Fro wäert doudsécher kommen, eleng schonn, well jo net nëmmen d'Police esou massiv wäert rekrutéieren. Och de CGDIS, d’Douane, d'Arméi: mir sichen alleguer an deem nämmlechten Dëppen. An do wäerten déi Froen doudsécher eng Kéier musse gestallt ginn.“

Lauschterenplay_arrow