Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - Quantum Suicide

play_arrow Live
search

/ Europawalen: Nicolas Schmit weess nach net ob hien och fir Lëtzebuerg kandidéiert

Fir d'LSAP an d'Europawalen

Europawalen: Nicolas Schmit weess nach net ob hien och fir Lëtzebuerg kandidéiert

Den Nicolas Schmit ass europawäite Spëtzekandidat fir d'Sozialiste bei den Europawalen. Dat ass mëttlerweil kloer. Ob hien och hei am Land als Kandidat vun der LSAP untrëtt, steet awer nach net fest.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Nicolas Schmit | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Et ass elo kloer, datt de Nicolas Schmit als europawäite Spëtzekandidat fir d’Sozialiste bei den Europawalen untrëtt. An där Funktioun misst hie Walkampf an all de 27 EU-Länner maachen, erkläert de fréieren LSAP-Minister. Et ass een also net nationalen, mee europäesche Kandidat. 

"Et kéint een iwwregens och an engem anere Land Kandidat sinn. Et muss een net a sengem Land Kandidat sinn. Den Här Juncker huet deemools d’Decisioun geholl néierens ze kandidéieren an domat e bëssen iwwerall. Dat ass de Problem vun Europa, datt d’Politik nach ganz national bezunn ass. A bon, elo gëllt et an deene puer Méint bis d’Walen ze weise wien de Nicolas Schmit ass, an nach méi wichteg: Fir wat hie steet.”

En Nodeel, net bekannt ze sinn?

Datt den SPE-Kandidat baussent de Lëtzebuerger Grenzen net ganz bekannt ass, gesäit hien awer net onbedéngt als Nodeel. Dat géif nämlech op vill Kommissären zoutreffen. 

Trotzdeem wäert seng Konkurrentin aller Warscheinlechkeet no d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sinn, déi sech an där Funktioun schonn en Numm konnt maachen.

"Jo, dat ass ganz kloer, datt eng Presidentin méi bekannt ass, wéi e Kommissär. Mee wéi d’Madamm von der Leyen Presidentin ginn ass, do sinn ech net sécher op du vill Leit iwwer déi däitsch Grenzen eraus d’Madamm von der Leyen kannt hunn.”

Ob hien och hei am Land als Kandidat fir d’LSAP kandidéiert huet de Nicolas Schmit nach net decidéiert. Hie wëllt dat an de nächste Wochen zesumme mat senger Partei ofschwätzen.

Lauschterenplay_arrow