Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michel Leytem: "De Bësch vu muer wäert een anere sinn, wéi dee vun haut"

Naturverwaltung

Michel Leytem: "De Bësch vu muer wäert een anere sinn, wéi dee vun haut"

De Klimawandel mécht och dem Lëtzebuerger Bësch ze schafen. Eppes iwwer 80 Prozent vun de Beem si geschiedegt. De Bësch zu Lëtzebuerg wäert et zwar och an Zukunft nach ginn, mee e wäert anescht ausgesinn.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

D‘Fiichte si praktesch am ganze Land ofgestuerwen. Och d’Bichen, déi eigentlech gutt un de Standuert ugepasst sinn, leiden. De Michel Leytem, Direkter vun der Naturverwaltung, fäert zwar net, datt d'Bich wäert verschwannen, mee et misst gehandelt ginn.

Ze héije Wëldbestand

Verschidden Entwécklunge si méi séier gaangen, wéi ee sech dat erwaart hat. Dofir géif ee mat neien Zorten experimentéieren, déi d’Hëtzt an d’Dréchent besser verdroen.

Den Direkter vun der Naturverwaltung betount awer och, datt d'Juegd eng wichteg Roll fir de Bësch spillt. A ganz Europa wier d'Wëldpopulatioun ze héich. 

"D'Wëld, oder d'Juegd am Allgemengen, ass een Theema, dat ganz vill op emotionalem Niveau diskutéiert gëtt. Ech mengen, wann een dat wierklech sachlech kuckt, da muss ee soen, et ass ze vill Wëld do an dat mécht eis et enorm schwéier fir de Bësch op natierlech Aart a Weis ze verjéngen."

Natierlech Verjéngung wier schwiereg. Wann een nämlech zum Beispill méi Eechen am Bësch wéilt hunn, hätten déi kleng Eechebeem keng Chance, well d'Réi géifen déi direkt erausselektionnéieren.

Méi Suergen ëm de Mënsch, wéi ëm de Bësch

Et géif ee lo och déi Beem fir Neiuplanzungen eraussichen, déi geneetesch am beschten ugepasst sinn. De Bësch géif net verschwannen, mee e géif sech awer op jiddwerfalls veränneren.

"De Bësch vu muer wäert een anere sinn, wéi dee vun haut. E wäert anescht ausgesinn, e wäert een anert Erscheinungsbild hunn, mee de Bësch ass jo eppes, wat ganz, ganz laang Zäit brauch, contrairement zu enger landwirtschaftlecher Produktioun. Beim Bësch hu mir e Liewenszäitraum vun 150 bis 200 Joer.“

De Michel Leytem mécht sech méi Suergen ëm de Mënsch, wann deen dem Bësch seng Leeschtung als Ökosystem net respektéiert, wéi ëm de Bësch selwer. Dee géif sech iergendwann erëm erhuelen.

Lauschterenplay_arrow