Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Biig Piig - Decimal

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Marc Baum: "Dat hunn ech mer suguer vun engem Luc Frieden net erwaart"

Déi Lénk

Marc Baum: "Dat hunn ech mer suguer vun engem Luc Frieden net erwaart"

Hien hätt sech vun der neier Regierung nët vill erwaart, mee dass si esou eng staark Attack op déi sozial Cohésioun vum Land plange géif, hätt hien awer iwwerrascht. Dat sot den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum de Muergen am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Déi Räich sollen nach vill méi räich ginn, an déi Aarm solle kucken, datt se eens ginn: dat wier säi Resumé vum Koalitiounsaccord, sot de Marc Baum gëscht an der Chamber. Den Deputéierte vun déi Lénk erkläert am 100,7-Interview, hien hätt net geduecht, datt dat esou däitlech aus dem Regierungsprogramm géif ervirgoen:

"Ech hu mer et an deem Mooss effektiv net esou erwaart. Ech hu mer geduecht, dass et éischter eng gewëss Kontinuitéit géif ginn, dass een d’Saachen esou dohi plätsche géif loossen. Mee dass et esou e radikalen Ugrëff op d’sozial Rechter vun de Leit an op d’sozial Conclusioun vun eisem Land géif ginn, dat hunn ech mer souguer vun engem Luc Frieden net erwaart.

D’Argument vun der Regierung, d’Situatioun vun de manner Favoriséierte géif sech automatesch verbessere wann et deene besser Gestallte gutt geet, léisst de Marc Baum nët gëllen. Hie stellt a Fro, dass déi Rechnung opgeet. De Wuesstem kéint nämlech u Grenze stoussen.

Lauschterenplay_arrow