Am Koalitiounsvertrag ass festgehal, datt d'CSV d'Virlagsrecht huet. D'Resultat vun e Sonnden hätt och näischt doru geännert.
Wann déi europäesch Sozialisten hir Zoustëmmung fir d'Ursula von der Leyen un ee wichtege Poste fir hire Spëtzekandidat an der Kommissioun géife bannen, misst een doriwwer schwätzen, esou de Premier.
"Mee dat heescht dann och zum Beispill, datt mir kéinte blockéieren, datt e Sozialist President vum europäesche Conseil gëtt."
Den nächste Méindeg ass en informelle Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, op deem en 1. Tour soll gedréint gi ronderëm d’Personalentscheedungen, déi elo ustinn. Dat am Hibléck op de reguläre Sommet vum 27. an 28. Juni, wou dann Neel mat Käpp solle gemaach ginn.
Am 100,7-Interview steet de Premier och Ried an Äntwert iwwer seng Annoncen a senger éischter Ried zur Lag vun der Natioun.