Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden: “Meng Steierpropose kaschte manner wéi 1 Milliard”

Steierpolitik

Luc Frieden: “Meng Steierpropose kaschte manner wéi 1 Milliard”

Den CSV-Spëtzekandidat seet, et kéint een zwar net genee berechnen, wéi vill d’Steiererliichterunge wäerte kaschten, déi hie proposéiert. Hie geet awer vun engem Käschtepunkt vun ënner enger Milliard Euro pro Joer aus.

auto_stories

2 min

Luc Frieden | © Chris Zeien
De Luc Frieden wëllt, datt eng Neioplag vun der Dräierkoalitioun onméiglech gëtt. (Foto: Morgane Weidig)

D’CSV proposéiert eng ganz Rei Mesurë fir d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Ënner anerem wëllt si d’Steiertabell un d’Inflatioun upassen, Steiertranchë strecken, an den Ugankssteiersaz eropsetzen.

De Spëtzekandidat vun der CSV betount am 100,7-Interview, seng Partei wéilt séier ufänken dës Mesuren ëmzesetzen. Zum Deel kéinte se schonn an de Staatsbudget vum nächste Joer ageschriwwe ginn, seet de Luc Frieden.

Manner Steiere fir d'Ekonomie unzekuerbelen

Wann d’CSV an d’Regierung kéim, da géifen d’Steiere fir Kleng- a Mëttelverdénger schonn d’nächst Joer erofgesat ginn. Dat betount de CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden am 100,7-Interview.

Datt déi ekonomesch Previsioune fir d’nächst Joer am Moment duerchwuess sinn, gesäit de Luc Frieden dobäi net als Problem. Grad fir d’Ekonomie unzekuerbele wier et wichteg d’Steieren erofzesetzen.

Méi geziilt Sozialmesuren

Eng weider Fuerderung vun der CSV si méi cibléiert Sozialmesuren. Eng Politik "gratis fir jiddwereen" wier op laang Dauer net effizient an net finanzéierbar. Et wier dem Luc Frieden wichteg, datt Leit, déi besser do stinn, net déi selwecht Hëllefe kréien, wéi déi, déi manner gutt do stinn. U Mesuren, déi aktuell scho bestinn, wéilt hien trotzdeem näischt ännere goen.

De Luc Frieden huet och op d’Kritik vum Xavier Bettel reagéiert, wat seng Familljepolitik ugeet. De Premier hätt senger Usiicht no e veraalt Familljebild. D’Propos vun der CSV wier e Kannergeld mat Sozialversécherung fir déi éischt véier Joer, also éier Kanner an d’Spillschoul ginn.