Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéibeschof iwwer Caritas: Zousäzlech 100.000 Euro sollen nach un d'Caritas goen

Nieft den ugekënnegten 310.000 Euro

Wéibeschof iwwer Caritas: Zousäzlech 100.000 Euro sollen nach un d'Caritas goen

Et stoung fir de Bistum net zur Diskussioun, an de Krisecomité vun der Caritas ze goen. Dat seet de Wéibeschof Leo Wagner am 100,7-Interview. Iwwerdeems sollen nach weider Suen un d'Caritas goen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Hie fënnt, datt Leit vum Fach probéiere sollen “d’Kar aus dem Dreck ze zeien” . Et misst een hinne Vertraue ginn. Dobäi hätt et näischt gehollef, e Comité ze hunn, deen opgeblose wier, esou de Leo Wagner, virun allem, wann do och nach géigesätzlech Meenungen op komm wieren. 

De Bistum huet d’Demande vun der Caritas refuséiert, fir eng finanziell Hëllef vun e puer Milliounen Euro ze kréien. De Bistum huet awer 310.000 Euro an de Südsudan iwwerwise fir d’Salairë vun der Caritas hire Mataarbechter:innen am Land ze bezuelen. Soll et doriwwer eraus nach eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’ONG ginn? 

"Dat wat elo nach geschitt, wat imminent ass, dat ass datt mer an enger Ierfschaft wou souwuel de Bistum beduecht ass, wéi d’Caritas, datt mer do der Caritas eng Wunneng ofkafen, fir datt et keng Indivisioun méi gëtt an dat wëlle mer elo séier maachen."

Iwwert dee Wee sollen nach eng Kéier 100.000 Euro un d'Caritas kommen.

Aktualitéit
Interview