Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Observatoire de l'habitat: Präisser wäerten an de nächste Méint manner staark falen

Immobiliemarché

Observatoire de l'habitat: Präisser wäerten an de nächste Méint manner staark falen

D’Baisse bei de Ventë vun Appartementer an Haiser kéint sech am Laf vum nächste Joer stabiliséieren. Déi Analyse mécht de Julien Licheron, Chercheur vum Observatoire de l’habitat.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

D’Logementspräisser sinn tëscht Juli a September zolitt erofgaang hei am Land. An enger Forchette tëscht -8 Prozent bei neien Appartementer bis suguer -19 Prozent bei existenten Haiser.

Aktivitéit bleift ënnert dem Niveau vun de leschte Joren

D’Immobilien-Annoncë vum aktuellen Trimester géifen drop hiweisen, datt d’Präisser an den nächste Méint net méi sou staark géife falen. Den neiste Rapport vum Observatoire de l’habitat, huet gewisen, datt d’Aktivitéit um Wunnengsmaart och am drëtten Trimester vum Joer wäit ënnert dem Niveau vun de leschte Jore bliwwen ass, an dat an alle Beräicher.

De stäerkste Recul gouf et bei der Vente vun Appartementer an der Constructioun. Där goufen am drëtten Trimester ronn 60 Prozent manner verkaf wéi an der Vergläichsperiod 2022, erkläert de Julien Licheron.

"En général, on est aux alentours de 40 % d'Appartements en construction, 60 % d'appartements existants. Aujourd'hui ce rapport n'est plus du tout le même, puisqu'on a seulement 119 transactions ce trimestre, pour ce qui concerne la vente en état futur d'achèvement. Donc, un appartement en construction vendu sur sept appartements existants. Exactement, ce n'est plus du tout le même rapport, le marché de la nouvelle construction est vraiment, atone depuis quelques trimestres."

Loyerspräisser stabiliséiere sech

D'Loyere sinn Uganks des Joers staark geklommen. Do hätte sech d'Präisser vun den annoncéierte Loyeren awer an deene leschten zwee Trimester stabiliséiert, erkläert de Julien Licheron.

"Ce qui nous amène sur 12 mois à une croissance qui est similaire à l’inflation, en l’occurrence 4,1 % pour les loyers annoncés des appartements. Évidemment, on a vu, du fait de la hausse des taux, une difficulté pour certains ménages d’accéder à la propriété, et donc un report vers le marché de la location qui a pu booster pendant quelques trimestres les loyers, en l’occurrence les loyers sur les nouveaux contrats."

D'Salaire vun de Locatairë wieren awer net genuch mat geklommen, fir déi Augmentatioun op Dauer kenne weiderzeféieren, betount de Julien Licheron. Elo géif et Schwieregkeete ginn, Locatairen ze fannen déi sech déi héich Loyere leeschte kéinten. Dofir, hätt sech d'Situatioun elo stabiliséiert.

Lauschterenplay_arrow