D‘Luxair kéint keng Entschiedegunge bezuelen a Fäll, wou si näischt hätte kënne verhënnere. Datt de Metalldetekter net funktionéiert hätt, war net der Fluggesellschaft hire Feeler.
„Ech weess emol net op ee ka soen, datt et onbedéngt dem Flughafe säi Feeler war. D’Sécherheet huet einfach misse garantéiert ginn, an dofir hunn déi Kontrolle misse gemaach ginn.“
Et hätt een de Betraffenen an där Hisiicht gehollef, dat se trotzdeem un hir Destinatioune kommen oder ëmbuche konnten.
De Gilles Feith huet am 100,7-Interview awer och annoncéiert, datt d’Luxair deemnächst eng nei Destinatioun uflitt: Vun Oktober u géif ee fënnef mol an der Woch vum Findel aus op Rotterdam fléien, esou de Luxair-Direkter. An och Edinburgh, Girona a Bilbao wären als nei Destinatiounen am Gespréich.